Camping Kaul in Wiltz

Oft gestallte Froen

Hei fannt Dir all wichteg Informatiounen op ee Bléck.

Wat geschitt, wann ech méi spéit ukommen an d’Rezeptioun ass zou?

W.e.g. soot eis Bescheed. Mir preparéieren e Schlësselsafe fir Iech. Sou kënnt Dir zu all Auerzäit op Är Stellplaz oder an Äere Chalet. Mir ruffen Iech, kuerz éier d’Rezeptioun zoumecht, un, falls mir mierken, dass Dir nach net ukomm sidd

Gitt eis w.e.g. eng korrekt Telefonsnummer un.

Wéi funktionéiert de Schlësselsafe?

Dir kritt eng E-Mail mat Ärem perséinleche Code, enger detailléierter Uleedung a Fotoen. Wichteg: Mir brauchen Är korrekt E-Mailadress!

Am Schlësselsafe fannt Dir e Plang, wou Är Stellplaz oder Äre Chalet ass, an natierlech de Schlëssel fir Äre Chalet an/oder fir d‘Sanitäranlagen. W.e.g. rufft eis un, wann Dir méi spéit ukommt. Mir bereeden de Safe gäeren fir Iech vir.

Sinn Hënn um Camping erlaabt?

Jo, Ären Hond ass häerzlech wëllkomm. Op de Stellplazen ass den Hond gratis. An eise Chaleten gëtt eng Tax (3€ / Dag) berechent an eng eemoleg Botzgebühr (10 €). Soot eis w.e.g. Bescheed, wann Dir Ären Hond an de Chalet bréngt – mir beroden Iech gären. Am beschten eegenen sech eis Ardenne-Chaleten. Fir erop bei d‘TAOS- oder Emotion-Chaleten ass eng Trap mat Gitter.

Direkt vum Camping aus hudd Dir Zougang zu eisem schéinen Bësch, an dat ouni iwwert eng Strooss ze goen. Do kënnt Dir laang Spadséiergäng maachen.

Gëtt et WLAN um Camping?

Jo, um ganze Camping ass gratis WLAN verfügbar.

Kann ech och ouni Reservatioun kommen?

Wann Dir an engem vun eise Chaleten iwwernuechte wëllt, recommandéiere mir eng Reservatioun am viraus. An der Héichsaison a ronderëm Feierdeeg ass eng Reservatioun néideg.

Dir reest mam Camper, Caravan oder Zelt?
Meeschtens ass eng spontan Urees méiglech.

Dir wëllt sécher goen oder ausserhalb vun den Öffnungszäite ukommen?
Rufft eis un +352 95 03 59 1 oder schreift eis iwwer eisen Kontaktformular, oder per E-Mail op info@kaul.lu. Mir bereeden Äre perséinleche Schlësselsafe fir.

Gëtt et e Bréitchenservice oder e Restaurant op der Plaz?

Dir hutt d’Wiel: E komplett Frühstück gëtt Iech an Äre Chalet oder op Är Stellplaz bruecht oder Dir kënnt Brout, Bréitchen an Mëtschen aus eisem Kiosk kafen. D’Öffnungszäite vum Kiosk kritt Dir an der Receptioun, Tel. +352 95 03 59 1 oder per E-Mail op info@kaul.lu. Mir informéieren Iech och gären iwwer Restauranten an der Géigend.

Gëtt et Stroum op de Stellplazen?

Jo, d’Stellplazen hu Stroum- a Waasseruschloss. Béides ass am Präis abegraff. Kabel a CE-Adapter sollt Dir matbréngen. Wann Dir awer Äert Material vergiess hutt, kënne mir Iech Adapter a Verlängerungen ausléinen.

Sinn d’Sanitäranlagen gehëtzt a wéi propper sinn se?

Eis Sanitäranlagen sin natierlech d’ganzt Joer gehëtzt a gin all Dag propper gemaach an iwwerpréift. Dir hutt awer eppes ze bemängelen? Schwätzt eis direkt un. Eist Zil ass maximal Propperkeet an Zefriddenheet.

Kann ech meng Wäsch wäschen a dréchnen?

Jo, et stinn eng Wäschmaschinn an en Trockner zur Verfügung. Jetongen (5 €) kritt Dir an der Rezeptioun.

Wéini ass den Check-In an bis wéini kann ech bleiwen?

Dir hutt eng Stellplaz oder Zeltplatz gebucht?
Check-In: 12:00 – 16:00 Auer, oder méi spéit mat Schlësselsafe
Check-Out: bis 12:00 Auer

Dir hutt en Chalet gebucht?
Check-In: 15:00 – 16:00 Auer, oder méi spéit mat Schlësselsafe. An der Héichsaison huet d’Rezeptioun velängert Auerzäiten, froot gäeren no ënnert der Nummer +352 95 03 59 1
Check-Out: bis 10:00 Auer

Dir sidd virdrun do?
Äre Check-In ka scho gemaach gin. Mir beroden Iech gären, wat Dir bis dohin maache kënnt. De Schwämmzougank ass schonn op (an der Héichsaison).

Darf ech grillen?

Jo, grillen ass erlaabt. Grillkuel an Anzünder kënnt Dir am Kiosk kaafen. W.e.g. grillt net op der Terrasse vum Chalet, mee niewendrun. Dir kënnt, je no Disponibilitéit, e Grill bei eis ausléinen. Froot einfach an eiser Rezeptioun no. Et gëtt och eng Plaz mat enger grousser Bänk an groussem Dësch fir zesummen ze grillen.
Gudden Appetit.

Wéi ee Sportmaterial kann ech ausléinen?

Gratis auszeléinen: Fussball, Basketball, Beachvolleyball, Petanque-Kugelen, Badminton- a Tischtennisschléier souwéi Gesellschaftsspiller.
Schwämmzougank (an der Héichsaison) ass inklusiv. Öffnungszäiten sin an der Rezeptioun disponibel.
Vëloen an E-Bikes kënnen (an der Héichsaison) géint eng Gebühr geléint ginn. Frot w.e.g. an der Rezeptioun no.

Hues de nach Froen?

    * Obligatoresch Felder