









Wou Mënschlechkeet an Inklusioun am Mëttelpunkt stinn
Fir eis Campingsgäscht bedeit dës Philosophie eng beräicherend Erfarung. Si profitéiere vun der eenzegaarteger Atmosphär vun der Integratioun an der Interaktioun mat de verschiddenste Leit.
Duerch d’ Zesummentreffe mat eise Mataarbechter, déi fäeg si, sech den eegenen Erausfuerderungen ze stellen a si ze meeschteren, entdecken d’Gäscht eng méi déif Verbindung mat der Campinggemeinschaft an eng méi grouss Valorisatioun vun der Diversitéit. Dëst schaaft net nëmmen eng harmonesch Zesummeliewen, mee erweidert och Ären eegenen Horizont a beräichert d’Campingerfarung duerch authentesch, mënschlech Interaktiounen.
Wee si mir?
Inklusioun – COOPERATIONS
Bei COOPERATIONS s.c. zu Wolz hu mir eng eenzegaarteg Philosophie: Mir konzentréieren eis bewosst op d’Stäerkten, Talenter a Fäegkeete vun de Leit, anstatt hir Aschränkungen a fuederen hirt Potentialt.. Mir gleewe fest datt jiddereen, onofhängeg vun sengem Hannergrond, Fäegkeeten oder Ëmstänn, e wäertvolle Bäitrag zu der Gesellschaft leeschte kann.



X-Mas Special – Bleibe 3 Nächte und zahle nur 2!
– Weitere Informationen –
Eis Chaleten (Ënnerkunft)
Campen
Komfort

Früstückskuerf
Äre Früstück gëtt a mat Léiwt an eisem Dono-Atelier zu Wooltz handgebitzten Upcycling-Kierf zerwéiert.

Kiosk-Buttek
Eise Kiosk bitt alles wat Dir braucht fir Ären Openthalt – vun Epicerie bis Campingartikelen. Entdeckt eist divers Sortiment!

Grillen
Mir stellen Iech op Ufro gäre gratis e Grill zur Verfügung. Genéisst gemittlech Grillowender op eisem Camping.

Relax Lounge
Relaxt an eiser iwwerdaachter Lounge a benotzt eis Gamme vu Gesellschaftsspiller fir onbeschwéiert Stonnen.

Vëloe lounen
Lount e Vëlo direkt vun eis an entdeckt d’Ëmgéigend op zwee Rieder.

Yoga & Aktivitéiten
Fänkt den Dag mat engem relaxe Yoga-Cours un oder huelt u verschiddene Fräizäitaktivitéiten am Summer deel. Perfekt fir Kierper a Geescht.
True hospitality consists of giving the best of yourself to your guests.
eleanor roosevelt